Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Player FM - Podcast App Go offline with the Player FM app!
On this episode of Advances in Care , host Erin Welsh and Dr. Craig Smith, Chair of the Department of Surgery and Surgeon-in-Chief at NewYork-Presbyterian and Columbia discuss the highlights of Dr. Smith’s 40+ year career as a cardiac surgeon and how the culture of Columbia has been a catalyst for innovation in cardiac care. Dr. Smith describes the excitement of helping to pioneer the institution’s heart transplant program in the 1980s, when it was just one of only three hospitals in the country practicing heart transplantation. Dr. Smith also explains how a unique collaboration with Columbia’s cardiology team led to the first of several groundbreaking trials, called PARTNER (Placement of AoRTic TraNscatheteR Valve), which paved the way for a monumental treatment for aortic stenosis — the most common heart valve disease that is lethal if left untreated. During the trial, Dr. Smith worked closely with Dr. Martin B. Leon, Professor of Medicine at Columbia University Irving Medical Center and Chief Innovation Officer and the Director of the Cardiovascular Data Science Center for the Division of Cardiology. Their findings elevated TAVR, or transcatheter aortic valve replacement, to eventually become the gold-standard for aortic stenosis patients at all levels of illness severity and surgical risk. Today, an experienced team of specialists at Columbia treat TAVR patients with a combination of advancements including advanced replacement valve materials, three-dimensional and ECG imaging, and a personalized approach to cardiac care. Finally, Dr. Smith shares his thoughts on new frontiers of cardiac surgery, like the challenge of repairing the mitral and tricuspid valves, and the promising application of robotic surgery for complex, high-risk operations. He reflects on life after he retires from operating, and shares his observations of how NewYork-Presbyterian and Columbia have evolved in the decades since he began his residency. For more information visit nyp.org/Advances…
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
D’Musek vun Haut begleet de Perkussionist Guy Frisch all Dag an dominéiert net nëmme säi Liewen als Museker mee och als Direkter vum Ensembel fir Nei Musek United Instruments of Lucilin. Wéi et dozou koum, a wat hien dodru faszinéiert, erzielt hien dem Pit Brosius am neien Episod vum Podcast "Hanner den Téin". Episod 4 lauschteren Alles ronderëm déi nei Musek Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast “Hanner den Téin” stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt.…
A "Vreckvéi" stinn zwou jonk Schwëstere virun der Erausfuerderung, de verstuerwenen Elteren hire Bauerenhaff ze geréieren. Et ass ee staarken, minimalisteschen Text, dee mat knappe Sätz villes seet - net just iwwer eng Generatioun, déi d'Orientéierung verluer huet, mee och op enger méi metaphysescher Ebene eppes iwwer d'Struewelen an d'Isolatioun vu mënschlechem Liewen. D'Elise Schmit huet dem Simon Longman säin Text an d'Lëtzebuergescht iwwersat a verréit eis, wéi no hir den Text wärend dem Iwwersetze ginn ass.…
D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech an engem Projet der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet. Hanner dem Pseudonym Mel Bonis verstoppt sech d'Melanie Bonis, eng franséisch Komponistin aus dem 19. Joerhonnert, vun där bis elo iwwer 300 Wierker publizéiert sinn. Gelieft huet si zu enger Zäit, zu där si sech géint eng Männer-dominéiert Musekswelt huet missen duerchkämpfen a sech dofir entscheet huet, déi eegen Identitéit ze verstoppen. Dëser Kënschtlerin hu sech déi lëtzebuergesch Geiistin Sandrine Cantoreggi an déi däitsch Pianistin Sheila Arnold ugeholl. Si fannen, et ass derwäert der Mélanie Bonis hir Musek ënner d'Leit ze bréngen a méi bekannt ze maachen. Dofir hu si Enn 2023 net nëmmen een Album erausbruecht, mee schaffen och un engem Concertsprogramm am Ettelbrécker CAPE, deen de Fokus op d'Kënschtlerin leet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzen d'Musekerinnen iwwer hir déifgrënneg Recherche an hir Faszinatioun fir dëse Personnage.…
No "La dérive des continents" huet de Realisateur Lionel Baier dem Christophe Boltanski säi Roman "La cache" relativ fräi adaptéiert an d'Familljesaga, déi ee Joerhonnert ëmfaasst, op eng Period - déi vu Mee 68 - kondenséiert. D'Paräisser Appartement vun de Boltanskien gouf zu Lëtzebuerg am Filmland nogebaut. De Jeff Schinker huet sech zu Berlin mam Lionel Baier iwwer dee vu Red Lion koproduzéierte Film ënnerhalen.…
"Ich liebe Operetten" - dat ass e Saz, deen de Stanislav Rosenberg aus ganzem Häerz soe kann. Hien ass net nëmme Pianist a Komponist, mee och nach Dirigent. Egal ob hien um Piano Sänger:inne begleet oder eng grouss Oper dirigéiert, d'Opermusek bleift fir hien einfach "die ultimative Leidenschaft". Den 28. Februar 2025 dirigéiert hien eng Operettegala am neie Centre culturel Machera zu Gréiwemaacher, eng Operettegala mam Fokus op d'Wiener Musek vum Johann Strauss II - ganz passend, well 2025 säin 200. Gebuertsdag gefeiert gëtt. Dem Marie Schockmel huet de Museker méi verroden, ënner anerem iwwer déi alleréischt Oper, déi hie gesinn huet an doriwwer, datt dem Strauss seng Musek eng ganz aktuell ass.…
Dem Daniele Luchetti säin Drama iwwer e Mann, dee sech selwer eng Fal gestallt huet, hunn de Michel Delage, Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi am Grousse Kino beschwat.
Véier Lëtzebuerger Koproduktioune waren dëst Joer am Wettbewerb vun der 75. Berlinale - een absolutte Rekord. Eng dovunner krut och ee Präis, an zwar dem Radu Jude säi “Kontinental 25“, deen och an der Competitioun vum LuxFilmFest lafe wäert. De Jeff Schinker huet mam Paul Thiltges, Koproduzent vu “Kontinental 25“ geschwat - an de Palmarès analyséiert.…
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.
AEM - esou heescht de Solo Museksprojet vun der Ema Macara. Eng Musekerin, déi a Portugal op d‘Welt koum an hei zu Lëtzebuerg opgewuess ass. Et kann ee sech an hirer Aircheck Session op elektronesch Popmusek gefaasst maachen, an där Vulnerabilitéit, Danzen, an e bëssen Däischtert am Mëttelpunkt stinn. Ingredienten, déi een dann och op hirer EP “Chaga“ ze héiere kritt, déi am November 2024 erauskoum.…
Mat der Ënnerstëtzung vum portugisesche Kulturzenter Camões an der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, schaffen Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek. De Coro Sinfonico an de Coro de Camara vu Lisboa Cantat hunn an enger Serie bis ewell véier Albume mat portugisescher Musek aus dem 20. an 21 Joerhonnert erausbruecht. Mam fënnefte Volume gi si elo siwe weidere Komponisten op d'Spueren. Am Gespréich mam Lex Kauffmann verzielen d'Adilia Martins de Carvalho vum portugisesche Kulturzenter Camões an de Leeder vum Projet Jorge Carvalho Alves, wéi dës Produktioun zustane koum.…
Muer (22.2.) ass d’Präisveriwwerreechung vun der Berlinale, an et dierf ee gespaant sinn, wie mam Gëllenen, respektiv de sëllege Sëlwere Bieren heemgeet. De Jeff Schinker ass nach ëmmer zu Berlin - a mécht eis ee klenge Bilan vum Concours.
Den 2. Mäerz 2025 ass zu Helleng um Kergerhaff e Concert zu Éiere vum Lëtzebuerger Komponist Alexander Mullenbach. Obwuel den A. Mullenbach zu Salzburg doheem ass, wäert hie fir dësen Optrëtt zu Lëtzebuerg sinn. Hien huet och de Programm selwer zesummegestallt. Um Programm sti Wierker vu lauter bekannte Lëtzebuerger Nimm, dorënner och den Alexander Mullenbach selwer. Et wäert och eng Uropféierung gespillt ginn. D'Exceptioun um Programm, dee vun ARS NOVA Luxembourg interpretéiert gëtt, ass déi franséisch Komponistin Pierrette Mari. D'Initiativ fir den "Hommage à Alexander Mullenbach" ze organiséiere geet op säi fréiere Schüler an hautzedaags selwer etabléierte Komponist Camille Kerger zeréck. De Christophe Mirkes huet ënner anerem mat him iwwer säin haitegt Verhältnes zum Alexander Mullenbach geschwat. Fir de Concert lauschteren ze goen, soll ee sech iwwer Email umellen. Weider Detailer ginn et op www.opus.radio.…
Nach virun zéng Deeg stoung si op der Bün vum Kasemattentheater an engem Stéck iwwer Aarmut zu Lëtzebuerg, e puer Deeg drop war si als eng mysteriéis Rivalin vum Geheimagent John D. am Hélène Cattet a Bruno Forzani hirem verréckte Geheimagente-Metafilm "Reflet dans un diamant mort" ze gesinn - ee Film, deen net just op der Berlinale, mee och geschwënn um LuxFilmFest am Wettbewerb leeft. Wärend de ganze Filmmilieu amgaange war, eng oder e puer Kippercher ze drénken a sech un de Schnitterchers-Plateauen zerwéiert huet, huet sech de Jeff Schinker mat der franséischer Schauspillerin ënnerhalen.…
An hirem neie Kuerzfilm "Jill Crovisier. A la recherche du corps perdu", zeechent d'Marie-Laure Rolland de Portrait vun der Lëtzebuerger Dänzerin a Choreographin.
Welcome to Player FM!
Player FM is scanning the web for high-quality podcasts for you to enjoy right now. It's the best podcast app and works on Android, iPhone, and the web. Signup to sync subscriptions across devices.