radio 100,7 and Radio 100 द्वारा प्रदान की गई सामग्री. एपिसोड, ग्राफिक्स और पॉडकास्ट विवरण सहित सभी पॉडकास्ट सामग्री radio 100,7 and Radio 100 या उनके पॉडकास्ट प्लेटफ़ॉर्म पार्टनर द्वारा सीधे अपलोड और प्रदान की जाती है। यदि आपको लगता है कि कोई आपकी अनुमति के बिना आपके कॉपीराइट किए गए कार्य का उपयोग कर रहा है, तो आप यहां बताई गई प्रक्रिया का पालन कर सकते हैं https://hi.player.fm/legal।
Player FM - पॉडकास्ट ऐप Player FM ऐप के साथ ऑफ़लाइन जाएं!
Much is made about the creative decisions in ads for the Big Game, but how does all that money, those requisite celebrity cameos, and everything else that goes into these multi-million dollar investments translate into Return on investment? Today we’re going to talk about what the numbers tell us from all those high-profile ads and who the winners and losers of the Advertising Bowl are in 2025. To help me discuss this topic, I’d like to welcome Nataly Kelly, CMO at Zappi, who unveiled their annual Super Bowl Ad Success report on Monday. We’re here to talk about the approach, the results, and what those results mean for brands that invested a lot of money - and time - into their campaigns. About Nataly Kelly I help companies unlock global growth For more than two decades, I have helped scale businesses across borders, as an executive at B2B SaaS and MarTech companies. I’m Chief Marketing Officer at Zappi, a consumer research platform. I spent nearly 8 years as a Vice President at HubSpot, a multi-billion-dollar public tech company, driving growth on the international side of the business. Having served as an executive at various tech companies, I’ve led teams spanning many functions, including Marketing, Sales, Product, and International Ops. I’m an award-winning marketing leader, a former Fulbright scholar, and an ongoing contributor to Harvard Business Review. I love working with interesting people and removing barriers to access. RESOURCES Zappi website: https://www.zappi.io/web/ Connect with Greg on LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/gregkihlstrom Listen to The Agile Brand without the ads. Learn more here: https://bit.ly/3ymf7hd Don't miss a thing: get the latest episodes, sign up for our newsletter and more: https://www.theagilebrand.show Check out The Agile Brand Guide website with articles, insights, and Martechipedia, the wiki for marketing technology: https://www.agilebrandguide.com The Agile Brand podcast is brought to you by TEKsystems. Learn more here: https://www.teksystems.com/versionnextnow The Agile Brand is produced by Missing Link—a Latina-owned strategy-driven, creatively fueled production co-op. From ideation to creation, they craft human connections through intelligent, engaging and informative content. https://www.missinglink.company…
radio 100,7 and Radio 100 द्वारा प्रदान की गई सामग्री. एपिसोड, ग्राफिक्स और पॉडकास्ट विवरण सहित सभी पॉडकास्ट सामग्री radio 100,7 and Radio 100 या उनके पॉडकास्ट प्लेटफ़ॉर्म पार्टनर द्वारा सीधे अपलोड और प्रदान की जाती है। यदि आपको लगता है कि कोई आपकी अनुमति के बिना आपके कॉपीराइट किए गए कार्य का उपयोग कर रहा है, तो आप यहां बताई गई प्रक्रिया का पालन कर सकते हैं https://hi.player.fm/legal।
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
radio 100,7 and Radio 100 द्वारा प्रदान की गई सामग्री. एपिसोड, ग्राफिक्स और पॉडकास्ट विवरण सहित सभी पॉडकास्ट सामग्री radio 100,7 and Radio 100 या उनके पॉडकास्ट प्लेटफ़ॉर्म पार्टनर द्वारा सीधे अपलोड और प्रदान की जाती है। यदि आपको लगता है कि कोई आपकी अनुमति के बिना आपके कॉपीराइट किए गए कार्य का उपयोग कर रहा है, तो आप यहां बताई गई प्रक्रिया का पालन कर सकते हैं https://hi.player.fm/legal।
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
AEM - esou heescht de Solo Museksprojet vun der Ema Macara. Eng Musekerin, déi a Portugal op d‘Welt koum an hei zu Lëtzebuerg opgewuess ass. Et kann ee sech an hirer Aircheck Session op elektronesch Popmusek gefaasst maachen, an där Vulnerabilitéit, Danzen, an e bëssen Däischtert am Mëttelpunkt stinn. Ingredienten, déi een dann och op hirer EP “Chaga“ ze héiere kritt, déi am November 2024 erauskoum.…
Mat der Ënnerstëtzung vum portugisesche Kulturzenter Camões an der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, schaffen Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek. De Coro Sinfonico an de Coro de Camara vu Lisboa Cantat hunn an enger Serie bis ewell véier Albume mat portugisescher Musek aus dem 20. an 21 Joerhonnert erausbruecht. Mam fënnefte Volume gi si elo siwe weidere Komponisten op d'Spueren. Am Gespréich mam Lex Kauffmann verzielen d'Adilia Martins de Carvalho vum portugisesche Kulturzenter Camões an de Leeder vum Projet Jorge Carvalho Alves, wéi dës Produktioun zustane koum.…
Muer (22.2.) ass d’Präisveriwwerreechung vun der Berlinale, an et dierf ee gespaant sinn, wie mam Gëllenen, respektiv de sëllege Sëlwere Bieren heemgeet. De Jeff Schinker ass nach ëmmer zu Berlin - a mécht eis ee klenge Bilan vum Concours.
Den 2. Mäerz 2025 ass zu Helleng um Kergerhaff e Concert zu Éiere vum Lëtzebuerger Komponist Alexander Mullenbach. Obwuel den A. Mullenbach zu Salzburg doheem ass, wäert hie fir dësen Optrëtt zu Lëtzebuerg sinn. Hien huet och de Programm selwer zesummegestallt. Um Programm sti Wierker vu lauter bekannte Lëtzebuerger Nimm, dorënner och den Alexander Mullenbach selwer. Et wäert och eng Uropféierung gespillt ginn. D'Exceptioun um Programm, dee vun ARS NOVA Luxembourg interpretéiert gëtt, ass déi franséisch Komponistin Pierrette Mari. D'Initiativ fir den "Hommage à Alexander Mullenbach" ze organiséiere geet op säi fréiere Schüler an hautzedaags selwer etabléierte Komponist Camille Kerger zeréck. De Christophe Mirkes huet ënner anerem mat him iwwer säin haitegt Verhältnes zum Alexander Mullenbach geschwat. Fir de Concert lauschteren ze goen, soll ee sech iwwer Email umellen. Weider Detailer ginn et op www.opus.radio.…
Nach virun zéng Deeg stoung si op der Bün vum Kasemattentheater an engem Stéck iwwer Aarmut zu Lëtzebuerg, e puer Deeg drop war si als eng mysteriéis Rivalin vum Geheimagent John D. am Hélène Cattet a Bruno Forzani hirem verréckte Geheimagente-Metafilm "Reflet dans un diamant mort" ze gesinn - ee Film, deen net just op der Berlinale, mee och geschwënn um LuxFilmFest am Wettbewerb leeft. Wärend de ganze Filmmilieu amgaange war, eng oder e puer Kippercher ze drénken a sech un de Schnitterchers-Plateauen zerwéiert huet, huet sech de Jeff Schinker mat der franséischer Schauspillerin ënnerhalen.…
An hirem neie Kuerzfilm "Jill Crovisier. A la recherche du corps perdu", zeechent d'Marie-Laure Rolland de Portrait vun der Lëtzebuerger Dänzerin a Choreographin.
“L’enfantôme” ass déi lescht BD vum Fransous Jim Bishop. Et ass d’Conclusioun vun der “Trilogie de l’enfant” no "Lettres Perdues" a "Mon ami Pierrot". Et geet een der Geschicht vum “boutonneux” no, engem onglécklechen Teenager, deen drop an dowidder ass duerchzefalen. De Conseiller Morantano huet mam “boutonneux” sengen Elteren eng Noutfallléisung entwéckelt. Den Nicolas Calmes rezenséiert.…
"Nëmme Mënsche mat Zäit kënnen et sech leeschten, doriwwer nozedenken, wat Zäit eigentlech ass", liest een ënner enger Videoinstallatioun vum Ho Tzu Nyen am Mudam. De plastesche Kënschtler koum 1976 am Stadstaat Singapur op d'Welt a gehéiert ewell zu de wichtegste Mixed-Media-Artiste vu senger Heemecht. A fir seng imposant Wanderexpo "Time and the Tiger" huet hie sech nawell vill Zäit geholl, och well hie fir d'Visiteure seng Gedanke konstruktiv eriwwer brénge wollt. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet, sech mam Ho Tzu Nyen doriwwer auszetauschen.…
"Picture a day like this" ass eng Oper, déi de brittesche Komponist George Benjamin 2023 um Festival d'Aix-en-Provence kreéiert huet. Et ass eng Koproduktioun tëschent verschiddenen Opere- an Theaterhaiser, ënner anerem dem Groussen Theater an der Stad an dem Royal Opera House zu London. Den 28. Februar steet déi Oper op der Affiche am Groussen Theater an der Stad. Mat dobäi sinn den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL), 5 Sängerinnen a Sänger, 3 Acteuren an natierlech d'Dirigentin vum OCL, d'Corinna Niemeyer. Et ass eng zäitgenëssesch Oper, déi awer och ganz universell an zäitlos ze verstoen ass. D'Co-Regisseurin Marie-Christine Soma beschreift se als "opéra intime et proche des gens et délicat". De Lex Kauffmann huet sech mat hir a mat der Corinna Niemeyer iwwer hir Zesummenaarbecht an dëse Projet ënnerhalen.…
No enger Woch Berlinale ass Zäit fir en Tëschebilan. De Jeff Schinker gëtt ausféierlech Ablécker an déi wichtegst Filmer aus der Kompetitioun ëm de Gëllene Bier.
D'ASBL Open Screen gouf viru méi wéi 10 Joer gegrënnt fir d'Promotioun vun der Inklusioun an der Diversitéit duerch kulturell Aarbecht. Ee vun de Projeten, deen d'Claudine Muno realiséiert huet, ass d'Buch "Roff". Eng Rees duerch d'Geschicht vu Péiteng, duerch déi eis de Boy a seng Mémé begleeden an eis erziele vun de Zwangsaarbechter:innen wärend dem Zweete Weltkrich, Mënschen, déi zu Péiteng probéieren en neit Doheem ze fannen, Leit, déi hiert Liewen, hiert Been, hir Liewensfreed verluer hunn. Dotëschent awer ëmmer och eng Liewensloscht, Iwwerleeungen iwwer d'Liewen, Anekdoten, déi op Fakten an op Fiktioun stoussen. Eng déifgrënneg Recherche verbonne mat literareschem Kënnen, e Buch voller Liichtegkeet an Humor, voller Trauer an Drama. Dotëschent Skizzen, Fotoen, Kollagen, déi d'Claudine Muno realiséiert huet. De polnesche Komponist an Cellist Michal Pepol huet sech vu Péiteng inspiréiere gelooss an am Buch ass e QR-Code, mat deem een Zougang zu de Kompositioune vum Museker huet, déi zu "Roff" passen.…
Déi Lëtzebuerger Schauspillerin Sophie Mousel ass dëst Joer direkt an zwee Filmer op der Berlinale ze gesinn: An "Der Kuss des Grashüpfers" spillt si der Haaptfigur Bernard hir Partnerin, an a "Reflet dans un diamant mort" eng vun de sëllege Fraefiguren, déi dem Geheimagent John D. iwwer de Wee lafen. De Jeff Schinker huet sech mat hir zu Berlin ënnerhalen.…
E franséischen Drama iwwer d'Radikaliséierung vu jonken Europäerinnen a Syrien. Extrait aus dem Grousse Kino mam Michel Delage, Vesna Andonovic a Valerija Berdi
Zanter leschte Mëttwoch huet Lëtzebuerg eng Uergel méi am Gebrauch. A Presenz vum Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gouf an der Privatschoul Sainte-Sophie an der Stad eng Uergel geweit. Speziell ass, datt dës Uergel an enger Schoul, an net wéi gewinnt an enger Kierch steet. Mee wat mécht d'Schoul mat dëser Uergel, a wéi leeft esou eng Uergelwei of? De Lex Kauffmann aus der Klassik-Ekipp war bei der Wei dobäi an huet mam Zeremoniar Jean-Pierre Reiners doriwwer geschwat.…
Mir sinn entretemps an der Hallschent vun der 75. Berlinale ukomm - an och d’Hallschent vun de Lëtzebuerger Koproduktioune si mëttlerweil zumindest an de Pressevirféierungen ze gesi gewiescht. De Jeff Schinker ass um Festival a mécht en éischte Bilan.
प्लेयर एफएम में आपका स्वागत है!
प्लेयर एफएम वेब को स्कैन कर रहा है उच्च गुणवत्ता वाले पॉडकास्ट आप के आनंद लेंने के लिए अभी। यह सबसे अच्छा पॉडकास्ट एप्प है और यह Android, iPhone और वेब पर काम करता है। उपकरणों में सदस्यता को सिंक करने के लिए साइनअप करें।